FRO.LU is under Development
+1 vote
2k vues
Vue dat mer enger Impfzouhloossung emmer mi noo kommen, stellen sech e puer Froen.

- Wivill Impfstoffer huet Letzebuerg am ganzen bestallt; wat ass den Total vun de Bestellungen bei all Pharmakonzern mat deem d'EU ee Vertrag ennerschriwen huet.

- Sin an deenen Bestellungen och d'Frontalieren agerechent gin? Wa jo, wivill Prozent vun de Frontalieren goufen berücksichtegt? Wa nee, ween deckt d'Impfbestellungen vun eisen Frontalieren oof? Dat jeweilegt Land oder gin déi vun eiser Gesantbestellung oofgezunn?

- Falls d'Frontalieren bei hierem pays de résidence berücktsichtegt goufen, wéi stellt eis Regierung da sëcher, dass mir d'Impfdosen fir d'Frontalieren vun dem jeweilegen Land kréihen?

- Kréihen d'Frontalieren (vun deenen aus deGesondheetswiësen oofgesin) déi selwescht Prioritéit beim Impfen wéi d'Résidenten?
Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 2k vues

1 commentaire

Gudde Moien, 

 

Wéi elo aus deene leschte Konferenzen a Reuniounen an der Chamber ervir geet, huet Lëtzebuerg sech verflicht Impfstoff fir 800'000 Leit ze kafen. Domat wieren eis Frontalieren dann mat ofgedeckt.

 

Wat d'Impfstratégie ugeet, esou soll déi der Regierung no follgendermoosse funktionéieren:

 

1. Leit aus dem Gesondheetssecteur

2. Leit aus Alters- a Fleegeheemer a Leit déi duerch een Ziedel vum Dokter als vulnerabel unzegesi sinn.

3&4...

Dem Alter no vun al op Jonk.

Hei soll keen Ënnerscheed tëscht Resident a Frontalier gemaach ginn.

 

 

Mir halen Iech weiderhin um Lafenden.

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Gudde Mëtten, 

  

Op eis Fro n°2711 huet d'Madamm Gesondheetsministesch geäntwert, dass 

"D'Verdeelunge vun den Impfstoff-Dosen, wann se bis disponibel sinn, wäert nom Prinzip vun engem Prorata vun der Awunnerzuel vun de verschiddene Memberstaaten gemeet ginn. Soumat wäert fir Lëtzebuerg automatesch en Prorata vun 0.14 % vun der globaler Commande séchergestallt ginn. Wann dat néideg ass, ka Lëtzebuerg nach ëmmer zousätzlech Dosen iwwer d'EU-Kommissioun bestellen." 

Am Moment huet d'EU Kommissioun 6 Verträg mat Pharma Konzerner ofgeschloss: AstraZeneca, Johson&Johnson, Sanofi-GSK, Biontech & Pfizer a CureVAc a Moderna. Anscheinend kéint geschwënn nach ee 7ten Kontrakt dobäi kommen. Lëtzebuerg huet keng eege Commandë gemaach an de Santésministère huet och gesot dass si dëst net wäerte maachen. 

An engem Norrichteportal heescht et dass: 

Bruxelles a ainsi conclu six contrats, Moderna(160 millions) étant le dernier en date. Les autres ont été passés avec avec le groupe suédo-britannique AstraZeneca et l'américain Johnson & Johnson (jusqu'à 400 millions de doses auprès de chacun), le duo franco-britannique Sanofi-GSK (jusqu'à 300 millions de doses), le duo américano-germanique Pfizer-BioNTech (jusqu'à 300 millions de doses) et l'allemand CureVac (jusqu'à 405 millions de doses). 

https://www.europe1.fr/international/coronavirus-pourquoi-lunion-europeenne-sest-chargee-de-commander-les-vaccins-4007915 

  

Dat wiere bal 2 Milliarden Dose Vaccin (1965 Milliounen). Bei 0,14% wieren dat 2'751'000 Dose fir Lëtzebuerg. Natierlech wäert d'EU net all dës Impfstoffer am Endeffekt kafen, verschidden Impfstoffer sinn nach net gepréift a kéinten sech am nachinhein als net effizient erweisen. 

  

Mat beschte Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.