Gudde Mëtten,
Dës Fro misst am Kontext vum Parteifinanzéierungsgesetz gestallt ginn. Elo ass et esou, dass dës dëst Gesetz duerch eng Proposition de loi nach eemol soll geännert gi fir schlussendlech genau ze definéiere wat eng Partei ass (a wat alles zu enger Partei gehéiert).
Vue dass dësen Dossier am Moment an der Kommissioun diskutéiert gëtt, kënne mir fir de Moment nach keng Fro dozou stellen. Froen zu "procédures en cours" dh zu Lafende Gesetzesprojeten/Kommissiounssëtzunge sinn net erlaabt.
Esoubal sech do eppes deet, wäerte mir dëst Thema opbréngen a versiche bis dohin an der Kommissioun een esou transparent ewéi méiglecht Gesetz mat auszeschaffen.
Mir soen Iech Villmools Merci fir déi extrem detailléiert Recherchen a sidd verséchert, dass mir dës Affär am Ae behalen.
Mat beschte Gréiss,
Carole Weiler