Bonjour,
D´Phase 1 an 2 vun der aktueller Impstrategie ass elo bal duerch.
Déi vulnerabelst Leit(ganz al Leit a Leit mat schlëmmste Gesondheetsproblemer) kruten dann elo wann se dat wollten all schonn hier 2. Impfung.
Ass d´Regierung net der Meenung dass déi genannte Leit, déi souwisou regelmässeg eng Bluddanalyse musse machen, net och sollen op Covid Antikierper getest ginn?
Dommadder kinnt een eraus fannen op genuch Antikierper bebild si ginn fir secher ze goen dass déi vulnérabel Leit och genuch geschützt sinn?
En Covid Antikierper Test kascht an de Labo´en 25€, an et wier vläit och net schlecht fir d´Santé mol ze wëssen op déi néideg Zuel vun Antikierper mam gespritzenen Impstoff gebild si ginn?
Am anere Fall missten déi Leit déi net genuch Antikierper gebild hunn net vläit nogeimpft ginn?
Ass et der Regierung net wichteg ze wëssen op hier "Vaccin´en" och de gewënschten Erfolleg brengen? Mär schwätzen hei ëmmerhin em extremst vulnerabel Leit.
Merci.
MbG