Bei engem positiven PCR Test gëtt Resultat un den Gesondheet ‘s Ministere iwwermettelt vum Laboratoire.
Équipe vum Contact Tracing hellt doropshin Kontakt mat der betraffener Persoun an eng “Mesure d’isolement” gëtt ordonnéiert .
Lo ass et awer sou dass dat positiivt Resultat, den Numm vun der Persoun, Kontakt Nummer an E-mail Adress un den LIH (Luxembourg Institute of Health) weider gereecht ginn fir eng Étude iwwert den Covid.
Déi Donnéeë ginn un den LIH weider gereecht ouni Averständnis vun der betraffener Persoun anzehuelen.
Ech gesinn dat als problematesch , dass hei perséinlech Donnéen un eng drëtt Partei weider gereecht ginn ouni en Accord ze froen, bezéiungsweis een ze informéieren.