FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
0 votes
105 vues
Den Antikierper Test den d´Regierung grad ubidd, wou eng Drëps Bludd am Fanger geholl gëtt weist just un ob een a Kontakt mam Virus war oder net.

Eng genau Unzuel vun Antikierper geet aus dësem Test NET erviir.

Well et awer fir déi héich vulnerabel Persounen déi an de Phasen 1+2 geeimpft si ginn wichteg wier fir ze wëssen ob hir Antikierper Zuel héich genuch ass fir nach protégéiert ze sinn stellen sech e puer Froen.

Vill héich vulnerabel Leit hunn an Zwëschenzäit schonn hier 3. Impfung kritt, kann d´Madamm Minister soen ëm wéivill Leit et sech handelt an op wéi enger Grondlag entscheed ginn ass dass se eng 3. Impfung brauchen?

Gëtt dëss Decisioun fir eng 3. Impfung alleng vum behandelelten Dokter geholl oder ass de Gesondheetsministär an dier Entscheedung mat involvéiert?

Kréien dëss Leit einfach eng 3. Impfung ouni hier Unzuel vun Antikierper am Bludd ze kennen oder mussen déi leit fir d´éischt en Antikierper Test maachen?

Mussen déi Leit dësen Antikierper Test dann och selwer bezuelen, och wann den Antikierper Test expizit op Ordonnance vum Dokter gefrot gëtt fir iwwerhaapt mol ze wëssen op dëss vulnerabel Leit eng 3. Impfung brauchen?

Gëtt envisagéiert den Antikierper Test fir héich vulnerabel Leit déi an de Phasen 1+2 geimpft goufen ze rembourséieren ier se fir 3. solle geimpft ginn, wann nee, firwat net?

MbG
par dans Santé | 105 vues

1 commentaire

Gudde Moien,



Am Wocherapport vun der Santé kann een all Woch noliesen, wéi vill Persounen schonn eng 3t Impfung kritt hunn. Stand 22ten August waren dëst 347 Persounen. (https://data.public.lu/fr/datasets/covid-19-rapports-hebdomadaires/ )


De Conseil des maladies infecteuses huet den 2 Juli een Avis zur 3ter Impfung fir extrem vulnerabel Leit publizéiert. Am Moment ginn nëmme Persounen déi déi am Avis beschriwwe Konditiounen hunn, 3x geimpft. 


"En conclusion, le CSMI recommande qu’une troisième dose de vaccin à ARN messager peut être proposée aux patients immunodéprimés :


-  ayant reçu une transplantation d’organe ou de cellules souches hématopoïétiques ;


-  sous chimiothérapie lymphopéniante ;


-  sous traitements immunosuppresseurs, comme les antimétabolites (acide mycophénolique,


mycophénolate mofétil, azathioprine) et les AntiCD20 (rituximab)


-  au cas par cas, les personnes sous immunosuppresseurs ne relevant pas des catégories


susmentionnées ou porteuses d’un déficit immunitaire primitif."



Hei fannt der den ganzen Avis:


https://sante.public.lu/fr/espace-professionnel/recommandations/conseil-maladies-infectieuses/covid-19/covid-19-annexes/CSMI-recommandation-3eme-dose-vaccin-COVID-19-personnes-immunodeprimees.pdf


 

Persounen déi ënnert dës 4 Kategorië falen, sollen sech bei hirem Dokter mellen an dee setzt si dann op eng Lëscht. Hei muss een natierlech op d'Doktere vertrauen, dass si sech un den Avis vum CSMI halen.


Am Moment geet d'Santé d'office dovun aus, dass dës Persoune keen ausräichende Schutz hunn (am Avis fannt dir eng franséisch Etüd dozou). Et gëtt also keen Antikierper Test gemaach.




Wat är Fro no der 3t Impfung an Antikierper Tester fir d'Persounen aus de Phasen 1 an 2 ugeet esou erwaarde mir all den nächsten Avis vum CSMI deen dozou wäert Stellung bezéien. Recherchë brauchen hier Zäit, trotzdeem hoffe mir, dass den Avis elo séier wäert kommen, fir nach virum richtegen Hierscht wann néideg kënnen ze handelen.


 


Mir hoffen iech heimat konnten dat ganzt e bësse besser z'erklären. Falls net kënnt dir gären nach eemol nofroen.

Mat frëndleche Gréiss,


Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.