D'Prozedur fir eng TVA Nummer zu Lëtzebuerg unzefroen kann een komplett digital iwwert myguichet.lu maachen. Dat geet schnell an d'Démarche gëtt och ganz rapid vum Enregistrement bearbecht.
Firwat geet dat nët och online via myguichet.lu wann ee wëll eng TVA-Nummer ofmellen? Do muss een nach ëmmer eng Pabeierversioun vum Formulaire (déclaration de cessation), deen ee net emol kann um Computer ausfëllen, mat der Post un den Enregistrement schécken.