An engem berüümten Lëtzebuerger Altersheem (loossen mir den Numm emol am Moment ewech) musse déi ongeimpften Mataarbechter FFP2-Masken undoen, déi geimpften Mataarbechter brauchen nëmmen déi "normal" Mask unzedoen.
Esou erkennt en déi ongeimpften Personalmemberen direkt. Sinn esou Zoustänn nach normal an vertrietbar ? Wien decidéiert esou diskriminéierend Moossnamen ?
An dem selwechten Altersheim gëtt et geschwënn eng Feier fir d'Personal, déi mat Impfung däerfen kommen, déi ouni Impfung mussen ewech bleiwen.