FRO.LU is under Development
+2 votes
2.5k vues
Wéi kënnt et, datt zu Ramstein den Arméiminister duerch den Arméichef vertruede gouf? Deen huet natierlech Panzer- a Waffeliwwerungen un d'Ukraine ënnerstëtzt. Wollt de Minister keng Verantwortung iwwerhuelen?

An deem Zesummenhang wär et och héich Zäit, datt Lëtzebuerg aus der NATO géif austrieden an déi Onofhängegkeet géif e bësse verwierklechen, déi an eiser neier Verfassung verankert wäert sinn.

Art.1: Le Grand-Duché de Luxembourg est un État démocratique, libre, indépendant et indivisible.
par dans Affaires étrangères et européennes | 2.5k vues

1 commentaire

Gudde Moien,

 

Mir hunn dat bei dem Minister nogefrot, a waarden op eng Äntwert. 

 

Mir Pirate stinn allerdéngs kloer hannert der NATO, onofhängeg dovun, ob den Minister oder den Vertrieder vun der Arméi un esou engem Treffen deel hëlt. D'NATO misst reforméiert ginn, dat ass fir eis ganz kloer, an et wéisst sech a Krichs wéi a Friddenszäiten. Ee Beispill dofir ass d'Tatsaach, dass d'Tierkei kann eleng wéinst fadenscheinege Grënn, d'Ophuele vu Schweden a Finnland an d'NATO verhënneren.

 

Mir soen Iech Bescheed wann d'Äntwert vum Ministère kënnt.

 

Mat frëndleche Gréiss,

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bienvenue sur FRO.LU. Proposez des questions parlementaires déposées à la Chambre des Députés par Sven Clement et Marc Goergen. Le Gouvernement est alors tenu d’y répondre, et les réponses officielles sont publiées sur cette plateforme.