FRO.LU is under Development
+2 votes
1.6k vues

Anstatt den consommateur als pollueur-payeur ze bestrofen huet eis Regierung besser d'Autoindustrie als producteur-pollueur-payeur fir den CO2 bezuelen ze losen. 

Impact social: De staat geif vill mei suen an d'keess kreien an vill mei zefridden Bierger am Land hun.

1. Weivill vun denen deitsche Marken hir Skandalautoen sin de Moment nach am Emlaaf hei am Land?

2. weivill Autobesetzer hun hiren Skandalauto dann iwerhaapt zreck gin und den Concessionnaire?

3. Weivill Autobesetzer hun sech mat irgendengem Software-update zefrieden gin?

4. Weivill leit hun op den Update verzicht an fueren nach emmer mat engem Auto dei 400% mei CO2 Oofgasen hun BEIM REELLEN FUEREN (net op enger Test-Plattform)? 

5. Sin hei am Land och Autobesetzer finanziell entschiedegt gin?

6. Huet eise Regierung och eppes ennerhol virun puer joer fir z.Bsp. eng Sammelklage geint die Deitsch Betrüger Marken VW, AUDI, BMW, MERCEDES etc. un de parquet an ze reechen, oder Sanktiounen un die deitsch Regierung ze beschleissen?


7. Wann nee, firwat dann net? Un wat huet et dann gefehlt? Zeit, Geld, Gedold, Standhaftigkeet sech iwer d'Grenz eraus fir d'Letzebuerger Vollek an ze setzen?


8. Wär et dann net mol heich zeit das eis Regierung sech mol asetzt fir den Schuedenersatz vun eiser Loftverschmotzung beim Producteur-Pollueur-PAYEUR sichen ze goen?

9. Firwat mescht eis Regierung et sech dermossen einfach an kuckt just fir d'suen hei am Land eis dem consommateur hiere täsch ze greifen, andems se vun haut op muer OUNI UN KONSEQUENZEN ZE DENKEN einfach nei Gesetzer schreiwen an am beschten bannen 2 meind en vigueur trieden?

10. Firwat geht eis Regierung net Taxen bei der deitscher Regierung sichen dei et all die Marken erlaabt huet Skandalautoen ze verkafen?

Am platz eis Vollek nach mei op ze splicken an arm an reich, an familles nombreuses an keng ahnung wat iech als nächst afällt fir d'Vollek ze schueden an onglecklech ze maachen, 

Gid är taxen bei d'Lobbyisten vun der deitscher Autosindustrie an bei der deitscher Regierung sichen, wel dei hun alles durchgoen geloos hun an alles ennert den teppech gekiert an joeren laang dofir gesuergt hun das die Loftverschmutzer mat erheichte Werter iwerhaapt nach op der strooss fueren dierfen.

Haalt dach op d'aan zou ze maachen, huel de steife Bengel hannen aus ärer Box an beschützt är Vollek an d'Emwelt geint die deitsch korrupt Autosindustrie, anstatt de klengen Steierzueler nach mei deif an täschen ze greifen.
fermée avec la mention Siehe Kommentar
par dans Finances
Cloturée par | 1.6k vues

1 commentaire

Moien,


mir verstinn Är politesch Positioun, och mir sinn aktuell guer net zefridden mat der Klimapolitik, déi op Laaschte vum klenge Bierger gefouert gëtt.


Allerdéngs sinn Är Froen net grad präzis, bzw. net objektiv genuch gestallt. Op d'Fro, wéi vill däitsch Autoen nach am Ëmlaf sinn, do fannt Dir all Donnéeën op https://data.public.lu/fr/datasets/parc-automobile-du-luxembourg/


Froen betreffend de Consommateuren kann d'Regierung iech net beänwerten, dat ass onméiglech well do nie eng Ëmfro gemaacht gouf.


Betreffend Sammelkloen huet eis Regierung verschlof, soudass et hei zu Lëtzebuerg bis den Dieselskandal onméiglech war, eng Sammelklo ze maachen.


Lëtzebuerg huet realistesch geisnn och keen Gewiicht, fir an Däitschland Taxe sichen ze goen.


Mir verstinn Äre Frust, a mir Piraten sinn natierlech dofir, dass net de klengen Autosfuerer soll bestrooft ginn, mee den décke Produzent, dee gefuddelt huet.


Dëst gesoot, géif ech hei zoumaachen. 

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.