FRO.LU is under Development

CHEM Nidderkuer [Cloturée]

+1 vote
151 vues
Moien,

Wann een an eng Urgence vun engem Spidol geet huet ee meeschtens e grave medizinesche Problem.

Wann en d´Nummer vum CHEM 57 111 urifft a freet wéi laang d´Urgencen zu Nidderkuer ob hunn kritt ee gesot d´Urgencen vum CHEM Nidderkuer sinn all Dag bis 21:00 Auer Owes ob.

Déi Informatioun ass ´FALSCH, et gëtt ee just bis 20:00 Auer an Spidol era gelooss.

Wertvoll Zäit geet do verluer wann ee als éischt ob Nidderkuer an d´Urgencen fiert well dat vläit méi no ass an da gett de kranke Patient net era geloos wann en 5 Minutten ob 8 do ukënnt mee ob Esch an de CHEM geschéckt.

Nach méi schlëmm ass dass wann een um 19:45 Auer an den Urgencen zu Nidderkuer ukënnt och emol keng Bluddanalyse méi gemaach ka ginn well hire Labo um Punkt 20 Auer zou mecht.

Dëss Zoustänn sinn inakzeptabel.

MbG
Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 151 vues

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Gudde Moien,


Mir hunn eng ganz änlech Fro leschte Mount gestallt. Dir kënnt hei d'Fro an d'Äntwert noliesen: https://piraten.lu/wat-geschitt-mat-de-spideeler-vum-chem/ Eng kloer Ausso, fir hei eppes um Service ze verbesseren fënnt een an der Äntwert net.


Mat frëndleche Gréiss,

par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.