FRO.LU is under Development
+1 vote
2.8k vues

Gudde Moien,

Ech wollt matdeelen dass et erëm eng Rupture de Stock vum Cannabis gett.


Hunn elo am CHEM ugeruff, et gett kee Cannabis a kee weess wéini déi nächtst Liwwerung era kennt.

D´Patienten mussen erëm hir Therapie ënnerbriechen an ob staark Medikamenter zéreck gräifen.

Wat nach schlecht ass, dass d´Patienten all Dag mussen an d´Apikten uruffen fir nozefroen ob eng Liwwerung era komm ass.

Dat nervt natierlech verständlecherweis d´Personal aus den Apdikten.

-Firwat ginn d´Patienten net per Email/SMS informéiert soubal erëm Cannabis disponibel ass se erëm können e RDV an enger Apdikt huelen?

-Firwat kréien d´Patienten keng Email/SMS e puer Deeg ier sech eng Rupture de stock ukënnegt?

Dat géing de Patienten Zäit ginn fir sech beim Dokter aner Medikamenter verschreiwen ze loossen. 

MbG
par dans Santé
Cloturée par | 2.8k vues

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Gudde Moien,


Haut koum d'Äntwert vun der Ministesch déi dir hei fannt: https://piraten.lu/fro-lu-erem-eng-rupture-de-stock-beim-medezinesche-cannabis/

D'Äntwert mécht eis e bëssen Angscht, well net kloer ass wéi et Enn des Joers soll a Punkto Fournisseur weidergeet. Et kéinnt also erëm schlëmmer ginn wann hei d'Regierung erëm net lauschtert an net virrausschauend nei Kontrakter ofschléisst. 

par
Bienvenue sur FRO.LU. Proposez des questions parlementaires déposées à la Chambre des Députés par Sven Clement et Marc Goergen. Le Gouvernement est alors tenu d’y répondre, et les réponses officielles sont publiées sur cette plateforme.