FRO.LU is under Development
+2 votes
442 vues

Gudde Mëtteg,

 

ech wunne säit engem Joer a mengem néien Haus zu Osweiler.

Virun e puer Wochen ass mer bewosst ginn, dass vu Google eng gréisser Unzuel Fotoe vum Haus publizéiert goufen, ob deenen och deels mäin Auto kloer ze gesinn ass.

Ech ka mech elo ameséieren, all eenzel Foto ze mellen an ze froen, dass se gepixelt  gëtt.

Do stellt sech dann awer d’Fro, firwat Google sech net muss un eis Gesetzer halen ?

Wisou dierfe si Fotoe vu privatem Besëtz posten ?

Ouni dass se virdrun en Accord vum Besëtzer hunn ?

Wat ass mat eelere Leit, déi keen Internet hunn ? Déi wëssen net emol, dass Fotoe vun hirem Haus online sinn.

Ech denken, mir sollten eis dach och net wonneren, dass ëmmer méi agebrach gëtt oder Autoe geklaut ginn… et kann ee sech jo an aller Rou online alles ukucken. Um sëlwer Tablett zervéiert also…


fermée avec la mention Mir haten zu den Opnamen vun Google Street View dann och schonn eng Fro gestallt: https://www.chd.lu/fr/question/24173
par dans Digitalisation
Cloturée par | 442 vues

1 commentaire

Gudde Moien,


D'Opnamen vun Google sinn een Thema mat dem d'Piraten sech schonn an der Vergangenheet beschäftegt haten. D'Aart a Weis wéi Google hir Opname mécht entsprécht net eisem Verständnis vun Dateschutz.

Mir haten zu den Opnamen vun Google Street View dann och schonn eng Fro gestallt: https://www.chd.lu/fr/question/24173

Wéi een hei tëscht den Zeile liese kann ass d'Regierung net gewëllt, fir hei méi streng ze ginn.


Mir hoffen dës Informatiounen hëllefen iech weider.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.