FRO.LU is under Development
+1 vote
406 vues

Momentan muss een bis Juli 2026 waarden, fir en RDV fir eng Osteodensitometrie am eenzege Spidol zu Lëtzebuerg ze kréien, dat dës Untersuchung duerchféiere kann.


Am Artikel vun RTL (https://infos.rtl.lu/actu/luxembourg/a/2207818.html) gouf ugekënnegt, dass zwee nei Apparater géinge bäikommen – een zu Wolz an een am Süde vum Land.


Kënnt Dir den aktuelle Stand zu dësen Aussoen vun der Mme Deprez, déi viru méi wéi dräi Méint gemaach goufen, nofroen? Wat genee ass zënter der RTL-Reportage vum Ministère ënnerholl gi fir d'Beschleunegung vun der Uschafung vun dësen zwee Apparater?


Wéi laang ass dat eenzegt Densitometrie-Miessgerät an der Zitha-Klinik schonn a Betrib? Entsprécht dëst nach den aktuellen Standarden, déi fir Densitometrie-Apparater gefuerdert ginn?


Kënnt Dir och Informatiounen dozou ginn, wéi héich d’Stralung fir d’Patienten ass, wann eng Miessung mam aktuellen Apparat an der Zitha-Klinik gemaach gëtt? An am Verglach dozou, wéi steet et mat deene méi moderne Modeller, déi geplangt sinn? Sinn dës méi stralungsarm? 


Ass et méiglech d´Milisievert fir eng Ennersichung vum ale Gerät an der Zithaklinik unzeginn?


Ass et méiglech d´Milisievert vun denen neie geplangten Geräter unzeginn?


Zousätzlech ass et mir opgefall, dass den HYGIE IMAGERIE-Zenter zu Esch viru kuerzem zougemaach huet, wou een zimmlech séier en RDV fir radiologesch Untersuchungen an Echographien kréie konnt.


Wat sinn d'Grënn fir d'Zoumaache vum Zenter? 


Wéi vill radiologesch Untersuchungen an Echographien goufen am HYGIE zu Esch duerchgefouert, wéi dësen nach op war?

Ass geplangt dass den Zenter zu Esch erem op geet?


Merci.







par dans Santé
edité par | 406 vues

3 commentaires

Mei info zu "HYGIE". https://lequotidien.lu/a-la-une/limagerie-medicale-stoppee-net/

Eng katastrophe wat mer zu Letzebuerg machen, den progrès gebremst well een eng medizinesch "plan wirtschaft" ustrieft. Dierft nët op keschten vum privé goen .

Merci fir Är Äntwert.

Wat QP ubelaangt sou brauch d´Mme Deprez wuel nach e bessi Zäit fir ze äntweren...

Mir kruten vum Gesondheetsministère haut eng Äntwert op eis parlamentaresch Fro. Dir kënnt Iech se ënnert dësem Link ukucken an duerchliesen:

https://piraten.lu/?p=69529




Mat beschte Gréiss

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

Mir hunn är Fro gestallt. Hei kënnt Dir iech se nach eng Kéier méi genau ukucken. 

20241024 QP CLEMENT FRO.LU_ RDV fir eng Ostéodensitométrie.pdf (0,1 MB)

par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.