FRO.LU is under Development
+1 vote
209 vues

Ech hunn haut d'Etüd vum EpStan vun der Schoul vu mengem Kand mat heem krut. Hei frot de Ministär zesumme mat der Uni.lu déi follgend Fro:


Welche Alphabetisierungssprache würden Sie sich für Ihr Kind wünschen?

[] Deutsch

[] Französisch

[] Englisch


Ech froe mech firwat et hei keng Optioun fir Lëtzebuergesch gëtt. Des Etüd sollt jo ergebnisoffen Meenunge vun de Eltere sammelen, mee hei feelt a mengen Aen eng ganz wichteg Optioun. Ech géif hei gäre Lëtzebuergesch uginn, wëll ech mengen dat et mei einfach fir mei Kand wier an der Sprooch Liesen a Schreiwen an der Sprooch ze leieren déi hien och am éischten Zyklus geleiert huet. Ech weess och vun de villen internationalen Elteren dat si dëst Meenung deelen. De Ministär wäert mat dëser Fro esou wei si elo gestallt ass keng richteg Stëmmungsbild kréien.

par dans Éducation nationale, Enfance et Jeunesse | 209 vues

1 commentaire

Gudde Mëtten,


De Grond fir d’Alphabetiséierung op Däitsch erkläert sech duerch déi awer vill Iwwerschneidungen tëschent der lëtzebuerger an der däitscher Sprooch. Ëmgedréint wär eng Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch awer wuel fir Kanner deels méi schwéier  opgrond vun den awer méi komplizéierten Orthografiesreegelen, den anere Lauten asw. Eng d’Alphabetiséierung op Däitsch kënnt also grad deene Kanner zegutt, deenen hir éischt Sprooch Lëtzebuergesch oder Däitsch ass, well si en gudden Deel duerno vum Däitschen op dat Lëtzebuergescht iwwerdroe kënnen.


Mat beschte Gréiss,

är Piraten

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.