Daridorexant (Handelsnumm Quviviq) stellt eng villverspriechend Alternativ zu konventionelle Schlofmëttelen duer, besonnesch fir Patienten, déi ënner chronescher Insomnie leiden oder eng laangfristeg Therapie brauchen. Seng spezifesch Wierkungsweis op d’Orexinsystem, déi manner Stéierung vun der Schlofarchitektur an e reduzéierte Risiko fir Ofhängegkeet, maachen et zu enger attraktiver Optioun an der moderner Schlofmedizin.
Daridorexant wierkt als dualen Orexin-Rezeptor-Antagonist (DORA), andeems et selektiv d’Wach-Signaler am Gehir blockéiert, amplaz wéi vill aner Schlofmëttel als allgemengt Berouegungsmëttel ze wierken. Doduerch besteet kee Risiko fir Ofhängegkeet, wéi et bei Benzodiazepinen an Z-Substanzen (z. B. Zolpidem) de Fall ass. D’natierlech Schlofstruktur (Déifschlof, REM-Schlof) bleift gréisstendeels erhale, wat zu erhuelsamem Schlof féiert.
Daridorexant gouf vun der Europäescher Arzneimëttel-Agence (EMA) am Abrëll 2022 fir déi ganz Europäesch Unioun zougelooss. Leider ass et nach ëmmer net zu Lëtzebuerg verfügbar. Wéi kann et sinn, dass e Medikament mat evidenten Virdeeler – besonnesch a Bezuch op d’Ofhängegkeet an d’Schlofarchitektur – nach ëmmer net zougänglech ass?
-
Wäert Daridorexant zu Lëtzebuerg verschriwwen dierfen, wa wéini, wann nee firwat net?
-
Wat sinn d’Grënn dofir, dass dëst neit Medikament, dat bedeitend gesondheetlech Virdeeler am Verglach zu Benzodiazepinen an Z-Substanzen huet, bis elo nach net an de lëtzebuergesche Gesondheetssystem integréiert gouf?
-
Kann d’Ministesch e Medikament aus der Liste positive des médicaments nennen, dat fir eng onbegrenzten Dauer ka geholl ginn, ouni irgendee Ofhängegkeetsrisiko?
-
Wéi vill Prescriptioune gouf et vun 2020 bis 2025 fir Benzodiazepinen an Z-Substanzen, a wéi een Alter haten Patienten hunn dës Medikamenter an dëser Period verschriwwen kritt hunn?
-
Ginn et allgemeng Donnéen wéi laang Benzodiazepinen an Z-Substanzen hier Ufankswierkung behalen an no wéi enger Zäitspann bei regelméissger Anahm sie hir Wirkung verléieren, bzw, Dosis muss erhéicht ginn?
Merci.
MbG