FRO.LU - Citizen-Driven Parliamentary Oversight
Proposé

Madame d’Ministesch,


Am Kader vun engem Artikel vum 13. Abrëll 2026 op RTL Lëtzebuerg iwwert d’elektronesch Iwwerwaachung als Alternativ zum Prisong goufen d’Konditiounen nëmme partiell duergestallt. Dës limitéiert Informatioun werft Froen op iwwert d’Transparenz an d’Applikatioun vun dëser Moossnam.


Et schéngt, datt eng Rei vu wichtege Critèrë weder kloer kommunizéiert nach systematesch opgelëscht ginn, wat zu Onkloerheeten an enger méiglecher Ongläichbehandlung vun de Betraffene féiere kann.


An deem Kontext géif ech der Madame d’Ministesch gär follgend Froe stellen:


  1. Firwat ginn d’Konditioune fir d’Zouloossung zur elektronescher Iwwerwaachung net komplett, transparent an eenheetlech kommunizéiert?
  2. Wat sinn all d’gesetzlech an administrativ Critèrë, déi eng Persoun erfëlle muss, fir en Utrag op eng Foussfessel ze stellen an accordéiert ze kréien?
  3. Ass et korrekt, datt finanziell Obligatiounen (z. B. Protokoller oder Indemnitéiten un parties civiles) mussen ofgeschloss sinn, ier en Utrag iwwerhaapt berécksiichtegt gëtt? Wann jo, firwat gëtt dës Konditioun net kloer kommunizéiert?
  4. Wéi gëtt garantéiert, datt d’Decisioune vum Parquet objektiv an op Basis vun aktuelle Faiten geholl ginn, a gëtt dobäi ausgeschloss, datt verjäert Elementer aus dem Casier judiciaire eng Roll spillen?
  5. Ginn et spezifesch Adaptatioune fir vulnerabel Persounen, besonnesch fir komplett Fleegefäll, déi e feste Wunnsëtz a familiär Ënnerstëtzung hunn? Wann net, firwat net?
  6. Wéi vill Demandë fir elektronesch Iwwerwaachung ginn all Joer gestallt, wéi vill dovu ginn refuséiert, a wat sinn déi heefegst Refusgrënn?
  7. Kann d’Ministesch ausschléissen, datt och kleng administrativ oder formell Mängel dozou féieren, datt Demandë refuséiert ginn?


Dës Onkloerheeten stelle sech als problematesch duer am Hibléck op d’Rechtssécherheet an d’Gläichbehandlung vun de Betraffenen.


Madame d’Ministesch, ech bieden Iech, dës Froen ze beäntweren.

par il y a dans Justice

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bienvenue sur FRO.LU. Proposez des questions parlementaires déposées à la Chambre des Députés par Sven Clement et Marc Goergen. Le Gouvernement est alors tenu d’y répondre, et les réponses officielles sont publiées sur cette plateforme.