FRO.LU - Citizen-Driven Parliamentary Oversight
Proposé

Laut Artikel 171, Punkt 7, vum Sozialversécherungsbuch hunn Persounen, déi innerhalb vun den 36 Méint virun der Gebuert vun hirem Kand op d’mannst 12 Méint obligatoresch pensiounverséchert waren, Urecht op sougenannten Baby-years déi en Zäitraum vun 24 Méint ofdecken an fir deen e fiktiivt Akommes fir d’Pensiounsberechnung berécksiichtegt gëtt. An der Praxis kann duerch d’Unerkennung vun de Baby-years d’Pensioun vun engem Versécherten ëm iwwer 100 Euro pro Mount klammen.

Fir Net-Residenten, notamment fir däitsch Grenzgänger, schéngen déi Baby-years awer oftmools zum Moment vun der Pensiounsberechnung net ugerechent ze ginn, well déi Verséchert aus hirem Wunnland Kannererzéiungszäiten ugerechent kruten, oft ouni, dass si déi formell ugefrot hunn.

Wëssend, dass déi Kannererzéiungszäiten aus hirem Wunnland wesentlech manner favorabel sinn wéi déi zu Lëtzebuerg geltend Baby-years, wëssend, dass vereenzelt Frontalieren d’Pensioun an hirem Wunnland iwwerhaapt net unhuelen, a wëssend, dass zum Moment vun der Pensiounsestimatioun d’Baby-years mat a Rechnung geholl ginn, wéilt ech der Madamm Ministesch follgend Froen stellen:

  • 1.      <!-- [endif] -->Ënner wéi engen Bedéngungen kann e Frontalier zu Lëtzebuerg  Baby-years unerkannt kréien?
  • 2.      <!-- [endif] -->Ënner wéi engen  Bedéngungen kënnen auslännesch Kannererzéiungszäiten déi lëtzebuergesch Baby-years verdrängen?
  • 3. Wéi gedenkt d’Pensiounskeess de Versécherten eng transparent Auskonft iwwer hiren zukünftegen Pensiounsbetrag ze ginn wann bis zum leschten Moment vun der Pensiounszoudeelung d’Baby-years nach oferkannt kënne ginn?
<!-- [if !supportLists] -->

 

Mat déiwem Respekt,


par il y a dans Sécurité sociale

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bienvenue sur FRO.LU. Proposez des questions parlementaires déposées à la Chambre des Députés par Sven Clement et Marc Goergen. Le Gouvernement est alors tenu d’y répondre, et les réponses officielles sont publiées sur cette plateforme.