FRO.LU - Citizen-Driven Parliamentary Oversight
Proposé

An de leschte Joren ass d’Wichtegkeet vun der Preventioun an domat och vun de Recommandatioune fir Impfungen no Alter a Risikoprofil ëmmer méi an de Virdergrond geréckelt. Besonnesch fir eeler Persounen oder Persounen mat engem geschwächten Immunsystem ginn haut verschidde Vaccinatioune recommandéiert, ënner anerem géint Zona, RSV, saisonal Gripp oder Covid-19. A verschiddene Fäll ginn och speziell Héichdosis-Impfstoffer recommandéiert.

An deem Kontext géif ech der Madamm Gesondheets- a Sozialversécherungsministesch follgend Froen stellen:

  1. Kann d’Madamm Ministesch en Tableau presentéieren, deen opweist, ab wéi engem Alter verschidde Impfungen als sënnvoll oder recommandéiert ugesi ginn, differenzéiert no:
    • Fraen
    • Männer
    • Persounen mat Immunosuppression oder anere Risikofacteuren
  2. Kann dobäi och preziséiert ginn, fir wéi eng Risikogruppen oder Situatioune folgend Impfungen recommandéiert sinn:
    • FSME (Zecken)
    • Hepatitis A a B
    • MMR (Maselen, Mumps, Riedelen)
    • RSV
    • Zona
    • saisonal Gripp
    • Covid-19
    • Héichdosis-Impfstoffer fir eeler oder immunosuppriméiert Persounen
  3. Wéi eng vun dëse recommandéierten Impfungen ginn aktuell vun der CNS rembourséiert, evaluéiert no bestoenden ALD-Krankheeten an dem Alter vum Patient?
  4. Zu wéi engem Prozentsaz ginn déi jeeweileg Impfstoffer aktuell vun der CNS iwwerholl?
  5. Sinn aktuell Mesurë geplangt, fir d’Recommandatiounen oder d’Remboursementer vu bestëmmten Impfungen auszebauen?
par il y a dans Santé

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bienvenue sur FRO.LU. Proposez des questions parlementaires déposées à la Chambre des Députés par Sven Clement et Marc Goergen. Le Gouvernement est alors tenu d’y répondre, et les réponses officielles sont publiées sur cette plateforme.