FRO.LU - Citizen-Driven Parliamentary Oversight
Proposé

An de leschte Joer si lues a lues mei ëffentlech Ausschreiwunge frankofoniséiert gi - virun allem fir Servicer. Obwuel e jo kéint domadder d'Accord si dat Dokumenter fir eng Ausschreiwung op Franséisch si, misst et awer méiglech si fir Entreprise sech op Däitsch (oder Lëtzebuergesch) dorobber ze mellen. Mee dat ass dacks nitt de Fall. Zum Beispill gëtt et eng Ausschreiwung vun der Uni.LU (Ausschreiwung #2601176) an do steet "Tous documents à remettre dans le cadre du présent marché doivent être produits dans une des deux langues suivantes : français ou anglais." Änlech oder mei stark Restriktioune wou nëmme Franséisch erlaabt ass gëtt et och bei vill aner Ausschreiwunge (Beispiller vu aktiv Ausschreiwunge: Finanzministär Ausschreiwung #2601234, Ausschreiwung Enovos Ausschreiwung #2601352, LIST Ausschreiwung #2601612, CTIE Ausschreiwung #2601520). Positiv Ausnimm gëtt et zwar och, zum Beispill Ausschreiwung #2601345 vun der Gemeng Diddeleng - hei ass Däitsch a Franséisch erlaabt. 


Firwat däerf ee generell nitt all administrativ Sprooche benotzen? Hei gëtt de Sproochegesetz vun 1984 ausgehievelt ewel am Gesetz fir ëffentlech Ausschreiwungen d'Sproochen dat esou erlabt ass (Art 55(1) vum Reglement vum 8.4.2018). Fir'd Méisproochegkeet am Land a fir d'Kompetitivitéit ass dat nitt gutt. Wann en sech op Franséisch-sproocheg Entreprise fokusséiert kritt en natierlech manner Ugebueder a mei héich Präisser wat jo fir d'Administratioun och nitt gutt ass. 


Wäert Regierung am Kader vun der Stäerkung vun der Lëtzebuerger Sprooch och d'Gesetz fir Ausschreiwungen esou reforméieren, datt all administrativ Sproochen ëmmer gläichberechtegt si?

par il y a dans Fonction publique

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bienvenue sur FRO.LU. Proposez des questions parlementaires déposées à la Chambre des Députés par Sven Clement et Marc Goergen. Le Gouvernement est alors tenu d’y répondre, et les réponses officielles sont publiées sur cette plateforme.