FRO.LU - Citizen-Driven Parliamentary Oversight
Proposé

Moien,


Zënter der Aféierung vum Pilotprojet an dem gesetzleche Kader, deen d'Benotzung vu Cannabis zu medezineschen Zwecker zu Lëtzebuerg regelt, hu vill Patienten, déi ënner schwéiere Krankheete leiden – dorënner chronesch an therapierefraktär Péng, Spastizitéit am Zesummenhang mat Multiple Sklerose oder Niewewierkunge vu Chemotherapien – Schwieregkeeten, déi Gesondheetsprofessioneller ze identifizéieren, déi berechtegt sinn, esou Behandlungen ze verschreiwen.


Bis haut schéngt et keng ëffentlech zougänglech Lëscht oder offiziellen Repertoire ze ginn, deen et de Patienten erméiglecht, direkt erauszefannen, wéi eng Dokteren déi spezifesch, vun der Direction de la santé zertifizéiert Ausbildung absolvéiert hunn.


Och wann de Schutz vu perséinlechen Donnéeën an d'Beruffsgeheimnis selbstverständlech fundamental Prinzipie sinn, stellt sech d'Fro, ob d'Feele vun enger zougänglecher Informatioun iwwer déi ausgebilten Dokteren net zu engem konkrete Problem beim Zougang zu der Behandlung féiert. Dëst betrëfft besonnesch Patienten, déi sech wéinst hirem Gesondheetszoustand schonn an enger besonnesch vulnerabeler Situatioun befannen.

An dësem Kontext wéilt ech dem Här Gesondheetsminister folgend Froe stellen:


  1. Wéi vill Dokteren, déi zu Lëtzebuerg praktizéieren, hunn bis haut déi spezifesch obligatoresch Ausbildung absolvéiert a validéiert, déi hinnen erméiglecht, Cannabis zu medezineschen Zwecker ze verschreiwen? Wéi verdeelen sech dës Dokteren no medezinescher Spezialitéit an, falls dës Donnéeë virleien, no geografescher Regioun?
  2. Aus wéi enge Grënn publizéiert de Gesondheetsministère keng Lëscht vun den Dokteren, déi dës spezifesch Ausbildung absolvéiert a validéiert hunn? Kann den Här Minister präziséieren, ob dës Situatioun op enger gesetzlecher Bestëmmung, op Iwwerleeungen am Zesummenhang mam Dateschutz, op enger administrativer Decisioun oder op engem anere Grond berout?

    Falls keng gesetzlech Bestëmmung d'Verëffentlechung vun dëser Informatioun verbitt: Firwat huet de Ministère bis elo keen ëffentlechen a fräiwëllege Repertoire geschaf, an deem Dokteren, déi dës Ausbildung ofgeschloss hunn, sech ausdrécklech a fräiwëlleg kënnen aschreiwen, fir datt Patienten si méi einfach identifizéiere kënnen?

  3. Ass den Här Minister der Meenung, datt e Patient d'Méiglechkeet soll hunn ze wëssen, wéi eng Dokteren déi néideg Ausbildung hunn a Cannabis zu medezineschen Zwecker verschreiwe kënnen? Wa jo, op wéi eng konkret Manéier kann e Patient dës Informatioun haut kréien ausser vun engem Dokter?

    Wa nee, aus wéi enge Grënn ass d'Regierung der Meenung, datt dës Informatioun net ëffentlech zougänglech soll sinn, obwuel en Dokter ausdrécklech domat averstane kéint sinn, datt säin Numm als ausgebilten Dokter publizéiert gëtt?

  4. Ass den Här Minister der Meenung, datt d'Feele vun enger ëffentlech zougänglecher Lëscht vun den ausgebilten Dokteren en Hindernis fir den Zougang zu der Behandlung duerstelle kann? Huet d'Regierung ënnersicht, wéi eng Konsequenzen dës Situatioun fir Patienten huet, déi vun dëser Behandlung profitéiere kéinten, deenen hiren Hausdokter awer net déi néideg Ausbildung huet oder net bereet ass, d'Behandlung unzefänken?
  5. Plangt d'Regierung, en offiziellen, ëffentlechen a fräiwëllege Repertoire anzeféieren, an deem Dokteren, déi hir ausdrécklech Zoustëmmung ginn, op d'mannst mat hirem Numm, hirer medezinescher Spezialitéit an hirer Praxisplaz opgefouert ginn, fir Patienten d'Identifikatioun vun engem entspriechend ausgebilten Dokter ze erliichteren? Zum Beispill dat ob DOCTENA  ze vermierken?

    Falls dës Léisung net envisagéiert ass, wat sinn déi konkret Grënn, déi der Aféierung vun esou engem Repertoire entgéintstinn?

  6. Verfüügt d'Regierung iwwer Donnéeën zum effektiven Zougang vun de Patienten zu Dokteren, déi Cannabis zu medezineschen Zwecker verschreiwe kënnen, notamment wat d'Zäit ugeet, déi néideg ass, fir e Rendez-vous ze kréien, d'Schwieregkeeten, déi Patienten bei der Sich no engem entspriechenden Dokter begéinen, an eventuell geografesch Ënnerscheeder?

    Falls esou Donnéeën net virleien: Plangt d'Regierung, dës Indicateuren an Zukunft systematesch ze erfaassen, fir d'Accessibilitéit vun dëser Behandlung besser bewäerten ze kënnen?

Merci.
par il y a dans Santé

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bienvenue sur FRO.LU. Proposez des questions parlementaires déposées à la Chambre des Députés par Sven Clement et Marc Goergen. Le Gouvernement est alors tenu d’y répondre, et les réponses officielles sont publiées sur cette plateforme.