FRO.LU - Citizen-Driven Parliamentary Oversight
Proposé

CP1.pdf (0,4 MB)


Op enger Ofrechnung "prise en charge directe" vun der CNS gouf eng einfach spezialiséiert Konsultatioun (Code C2, 57,40 €) mat engem zousätzlechen Honorar vum Code CP1 (10,30 €) fakturéiert. Wärend d'CNS de C2 komplett zum Tarif iwwerhëlt (de Patient bezilt just seng normal Participation personnelle vun 6,89 €), gëtt de CP1-Supplement der CNS zu 0 % erstat. De Patient bezilt domat effektiv 17,19 € aus eegener Täsch fir dëse Besuch, statt 6,89 € bei enger identescher Konsultatioun ouni CP1 – eng Erhéijung vu ronn 150 % vum eegenen Ausgabenanteil, eleng wéinst dësem engem Supplement.

D'Konventioun tëscht der Caisse nationale de santé an der Association des médecins et médecins-dentistes, ofgeschloss en exécution vun Artikel 61 ff. vum Code de la sécurité sociale (CSS), regelt an hirem Titre VIII (Art. 48-50) d'"convenance personnelle":

  • Art. 48 gesäit eng virdrun schrëftlech Informatioun a Accord vum Patient vir, ier de Supplement ugewannt ka ginn;
  • Art. 50 § 1 definéiert de Code CP1 als "rendez-vous fixé à la demande expresse de la personne protégée à un jour et une heure précis" a bëndt d'Facturatioun un de Critère "avec tact et mesure" – e Begrëff, deen an der Konventioun net weider ausdefinéiert gëtt;
  • laut Artikel 66 CSS ginn nëmmen déi eigentlech Tariffer vun den Acten a Servicer fixéiert – de CP-Supplement läit ausserhalb dëser tariflecher Regulatioun a gëtt iwwerhaapt net begrenzt.

D'ganz Konstruktioun vun "convenance personnelle" baséiert op der Iddi, dass de Patient eng FREIWËLLEG Wiel hätt, fir en Rendez-vous zu enger genee bestëmmter Auer ze froen. Haut schafft awer keen Dokter méi ouni Rendez-vous-System – en Dokterbesuch ouni virdrun fixéierten Termin ass an der Praxis kaum méi méiglech. Domat gëtt d'"Wiel" fiktiv: de Patient huet guer keng reell Alternativ méi, den Termin ze kréien ouni de CP1-Supplement ze bezuelen. Wat als Ausnamefall geduecht war, ass zum Standard-Betribsmodus ginn – ouni datt d'Konventioun dëser Realitéit ugepasst gouf.

Doriwwer eraus ass d'Konventioun an dësem Punkt asymmetresch: Art. 50 gesäit eng Indemnitéit vir, wa de Patient net respektéiert (Code CP3, "vient trop tard"), mä keng entspriechend Bestëmmung reduzéiert oder annulléiert de CP1-Supplement, wann den Dokter selwer eng erhebléch Verspéidung huet. De Patient bezilt weiderhin de ganzen CP1-Betrag fir eng "präzis fixéierten Auer", och wann dës Auer vum Dokter selwer net agehale gouf – an ouni datt hie iwwer dës Konsequenz virdrun informéiert gëtt.

Dës Fro stellt sech aktuell mat besonderer Dringlechkeet: d'AMMD huet d'Konventioun mat der CNS am Oktober 2025 dénoncéiert; si leeft am Oktober 2026 aus. D'Médiatiounsverfahren ass am August 2026 mat engem Constat de non-conciliation gescheitert. D'CNS verweist verschidde Fuerderunge vun der AMMD ausdrécklech un d'Regierung respektiv d'Chamber. Domat steet eng grondsätzlech Neiverhandlung – respektiv eng politesch Interventioun duerch d'Regierung – bevir, wat den idealen Moment duerstellt, fir och den Titre VIII iwwer d'convenance personnelle nei ze diskutéieren.

Dëst Thema ass net nei: schonn 2019 huet d'Petitiounskommissioun d'Pétitioun 1308 ("Pour une réglementation plus stricte, le remboursement par la CNS ou l'abrogation de convenance personnelle facturée par les médecins") un den demoolegen Minister fir sozial Sécherheet weiderginn.

Zousätzlech ass ze bemierken, dass d'CNS-Mesure vun der "assistance exceptionnelle" (finanziell Ënnerstëtzung bis 250 € fir Persounen a wirtschaftlecher Schwieregkeet) Suppléments "convenance personnelle" ausdrécklech vum Ufuerderungsberäich ausschléisst.

Froen un d'Madame Minister:

  1. Ass sech d'Madame Minister bewosst, dass e Supplement vun 10,30 € de perséinlechen Ausgabenanteil vum Patient bei enger einfacher Konsultatioun bal verdräifachen kann (vun 6,89 € op 17,19 €), a dass dëst fir Familljen a schwiereger finanzieller Situatioun et quasi onméiglech gëtt, fir iwwerhaapt nach beim Dokter unzefroen? Si mer do net schonn an enger 2-Klasse-Medizin? Räicher könne bei den Dokter, Aarmer musse fir déi Suen akafe goen a können net bei den Dokter.
  2. Wéi steet d'Madame Minister zu der Feststellung, dass haut bal kee Dokter méi ouni Rendez-vous-System schafft, an domat d'"convenance personnelle" aus Artikel 50 hire fräiwëllege Charakter verluer huet a bei ville Konsultatiounen de facto zu engem festen, net méi evitéierbaren Zousazbetrag ginn ass?
  3. Ass et laut der aktueller Konventioun geregelt, ob de Code CP1 ganz oder deelweis ewech fält, wann den Dokter selwer eng erhebléch Verspéidung huet? Wa net: ass d'Madame Minister gewëllt, am Kader vun der lafender oder kommender Neiverhandlung eng symmetresch Regel anzeféieren?
  4. Wéi vill huet d'Zomm vun de landeswäit fakturéierte CP1-CP7-Supplementer an de leschten 5 Joer betraff (Zuel vun de Memoiren, Gesamtbetrag), a wéi huet sech dës Zomm entwéckelt?
  5. Wéi gëtt de Critère "avec tact et mesure" aus Artikel 50 vun der Konventioun konkret vum Contrôle médical de la sécurité sociale respektiv vun der AMMD kontrolléiert? Wéi vill Kontrollen oder Sanktioune goufen deswéinst an de leschten 5 Joer ausgeschwat?
  6. Wéi gëtt d'Aklärungspflicht aus Artikel 48 (virdrun ausdrécklechen Accord vum Patient) an der Praxis iwwerpréift?
  7. Wéi eng konkret Suite huet d'Regierung der Pétitioun 1308 (2019) ginn, a firwat huet sech un der Ausgangslag zanterhier näischt geännert?
  8. Ass d'Madame Minister gewëllt, den Titre VIII (convenance personnelle) explizit an d'Verhandlungsagenda mat der AMMD opzehuelen, falls eng nei Konventioun sollt ennerschriwwen ginn? Wann ne firwat net?
  9. Firwat schléisst d'"assistance exceptionnelle" vun der CNS d'Zousazfraien "convenance personnelle" ausdrécklech aus hirem Ufuerderungsberäich aus?
  10. Wéi eng juristesch Instrumenter huet d'Madame Minister aktuell zur Verfügung fir géint Dokteren ze intervenéieren, déi vum Code CP1 systematesch abuséieren?


par il y a dans Santé

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bienvenue sur FRO.LU. Proposez des questions parlementaires déposées à la Chambre des Députés par Sven Clement et Marc Goergen. Le Gouvernement est alors tenu d’y répondre, et les réponses officielles sont publiées sur cette plateforme.