FRO.LU is under Development
+1 vote
1.6k vues

Am Kader vun der nationaler Teststrategie wéilt ech gäre wësse vun der Regierung firwat d’Apdikte Schnelltester bestallt hunn, déi nëmme vun Dokteren oder Klinike kënne kaaft ginn an net vu private Leit.

 
Ass et hei éierewou d’selwecht wéi mat de Masken, wou Leit der Meenung waren dat den homme de la rue net am Stand wier esou eppes ze benotzen?
 
Merci.
par dans Santé | 1.6k vues

3 commentaires

Gudde Moien,

 

Jo esou Schnelltester ginn am Moment vun Apdikten un Kliniken an Altersheemer verkaaft. D'Schnelltester déi elo um Marché sinn, sinn net virgesinn, fir vum grand public benotzt ze ginn. D'Applikatioun duerch d'Nues richteg ze maachen ass net esou evident an am Moment ass och d'Consigne fir bei esou engem Test, ee Schutzanzug unzehunn. D'Zill ass et awer, fir dass et spéider Schnelltester ginn, déi och kënne vun all Mënsch kaaft a benotzt ginn.


 Dat ass am Resumé dat wat d'Beroder vun der Regierung op Science.lu erklären:


https://science.lu/de/ueberblick-antigen-schnelltests/antigen-schnelltests-fuer-sars-cov-2-wie-sicher-sind-sie-und-wie-koennten-sie-eingesetzt-werden


https://www.wort.lu/de/politik/covid-schnelltests-ab-freitag-verfuegbar-5fb4001ede135b92361b3ecb


Falls nach wéider Froen sinn, zeckt net Iech ze mellen,


MfG

Zanter läschter Woch sinn jo elo an Daitschland sougenannten Antigen LaienSchnellstester zougelooss.

https://www.bfarm.de/DE/Medizinprodukte/Antigentests/_node.html

Déi Tester sinn jo mat 95% Sensitivität zimlech genau, missten sou Tester dann net och zu Lëtzebuerg zugelooss ginn. D'Santé seet jo fir d'1. misst den LNS testen op sou Tester och wirklech efficace sinn, dat misst jo awer elo gekläert sinn, wann déi Daitsch Autoritéiten sou Tester zougelooss hunn. 

Wat fir Daitschland gut ass misst jo awer zu Lëtzebuerg ok sinn ?

Et huet ee jo heieren dass deemnächst Speicheltester an de Schoulen zu Lëtzebuerg sollen agesat ginn, sinn déi Tester dann schon evaluéiert a fir gutt befonnen ? Wann déi Tester efficace sinn, firwat géifen déi dann net fräiginn fir d'Vente un de Grand-Public.

Laut essentiel.lu verkafen jo verschidden Apdikten jo schon sou Tester ?

Do misst jo awer schnellstens Kloerheet geschafft ginn, et kann jo awer net sinn dass déi am Ausland schon agesat ginn, an hei am Land dauert et nach éiweg bis mir zur selweschter Conclusioun kommen.

Gudde Mëtten,

 

Déi an der Apdikt verkaaften Tester am Moment nach ëmmer nëmme fir Klinicken an aner Etablissementer, net fir privat Persounen. Dat esou laang bis de LNS den Accord gëtt. Natierlech sollt dës schnellst méiglech geschéien. 

 

Wat d'Schnelltester an de Schoulen ugeet, esou huet den Educatiounsminister dorop den Dënnsten an der Chamber geäntwert:


https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3191/sequence/170986.html


Mat frëndleche Gréiss,

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.