FRO.LU is under Development
+3 votes
2.4k vues

Un d'Ministeren vum Sport a vun der Gesonndheet,

Madame, Monsieur,


Haut huet de Sportrminister jo op enger Pressekonferent Detailer matgedeelt wat zur Veerfügung stellen vun Schnelltester fir Sportveräiner betrëfft. Insgesamt stellt de Sportministère jo 60.000 där Tester  zur Verfügung. An der Press steht, dass een Test ongeféier 10 € géing kaschten.

Net méi spéit wéi haut ass och informéiert ginn, dass an engem Alterheim e gréisseren Corona-Ausbroch mat insgesamt 81 Infizéierten an 8 Doudege war.

Dofir stelle mer gären der Madame Gesonndheetsmistzer an dem Här Sportminister folgend froen:

1. Wat ass de Gesamtmontant deen déi 60.000 Schnelltester kascht?

2. Si bis elo schon där Schnelltester an Atlersheimer oder Pflegestrukturen an den Asaatz komm? Wa jo, wéivill? Wann net, firwat net?

3. Wéivill Schnelltester si virgesinn fir kuerzfristeg, also ënnerhalb vun der nächster Woch, an Alterheimer a Pflegstrukturen an den Asaatz ze kommen? Wéivill  insgesamt an den nächste Méint?

4. Déi Mesure vun de 60.000 Schnelltester fir Sportveräiner ass jo exklusiv fir de Sport Compétition. Ass esou eng Mesure och fir krank oder behënnert Leit virgesinn, déi Sport als Therapie dréngend brauchen?

5. Sport ass extrem wichteg fir d’Entwécklung an der Gesonndheet vun de Kanner. Wéieng Mesuren si virgesinn, dass d’Kanner och nees hierem Sport nogoe kënnen?

6. Sport ass generell fir d’Leit wichteg fir den Immunsystem ze stäerken. Besonneg an dëser Kris. Wéieng Mesuren hunn de Sportministère an de Gesonndheetsministère bis elo geholl fir deem Deel vun der Bevölkerung den Zougang zum Sport nees ze erlaben déi hiere Sport net an engem Sportveräin oder mam Objektiv Sport Compétition maachen? Wat huet dat bis ewell kascht? Wat ass kuerzfristeg nach geplangt?

7. Fannen d’Ministeren et fir opportun dass esouvill Créditer fir de Championnat vun 1.Équipen ausgi gëtt während fir krank Leit, eeler Leit, behënnert Leit, bedürfteg Leit oder Kanner net dat geréngste gemaach gëtt fir dass nees eng Sportsaktivitéit ausüben kënnen?

8. Ass eng ähnlech Mesure mat Schnelltester virgesinn fir dass den Horesca Sektor ënner Bedingungen nees demnächst kann opmaachen? Wa jo, wéivill Schnelltester sinn ugeduecht fir deem Sektor ze hëllefen? Wann nee, firwat net?

9. Wéi sënnvoll sinn déi Schnelltester am Sport wa se net verpflichtend sinn a wann d’Sportler sech dono fräi vermësche kënnen an net an enger Bull bleiwen wéi bei vergläichbaren Tester am Profisport am Ausland?

10. Op wéieng wëssenschaftlech Erkenntnisser berout dës Teststrategioe mat de Schnelltester fir Sportveräiner?

11. Ginn et retracéiert positiv Fäll vun Infizéierten déi op de Sport am Sportveräin a virun allem de Sport Compétition zreckzeféihere sinn? Wa jo, wéivill?

Merci.



Cloturée
par dans Sports
Cloturée par | 2.4k vues

3 commentaires

Schéine Gudde Mëtten,

 

Mir wäerten eng Fro dozou ausschaffen, op verschidden Froen kënnen mir Iech awer schonn direkt äntweren.

 

Den Sportminister krut den 9.02 an der Chamber vun verschidden Deputéierten Froen zu dësem Thema gestallt.

 

Wat ass de Gesamtmontant deen déi 60.000 Schnelltester kascht? 600.000€ + Hëllefen, falls een Veräin déi ufreet, am Moment huet dat nach keen Veräin gemaach.


Si bis elo schonn där Schnelltester an Altersheimer oder Pflegestrukturen an den Asaz komm? Wa jo, wéi vill? Wann net, firwat net? Wéi vill Schnelltester si virgesinn fir kuerzfristeg, also ënnerhalb vun der nächster Woch, an Altersheimer a Pflegstrukturen an den Asaz ze kommen? Wéi vill  insgesamt an den nächste Méint? 

An den Altersheimer a Pflegestrukturen gëtt op Equipe mobile a PCR Tester gesat, déi sinn méi zouverlässeg wéi d'Schnelltester


Déi Mesure vun de 60.000 Schnelltester fir Sportveräiner ass jo exklusiv fir de Sport Competitioun. Ass esou eng Mesure och fir krank oder behënnert Leit virgesinn, déi Sport als Therapie dréngend brauchen? 

Dat froen mer no.

Sport ass extrem wichteg fir d’Entwécklung an der Gesondheet vun de Kanner. Wéi eng Mesuren si virgesinn, dass d’Kanner och nees hirem Sport nogoe kënnen? 

Och dat froen mer no.


Sport ass generell fir d’Leit wichteg fir den Immunsystem ze stäerken. Besonnesch an dëser Kris. Wéi eng Mesuren hunn de Sportsministère an de Gesondheetsministère bis elo geholl fir deem Deel vun der Bevëlkerung den Zougang zum Sport nees ze erlaben déi hire Sport net an engem Sportveräin oder mam Objektiv Sport Competitioun maachen? Wat huet dat bis ewell kascht? Wat ass kuerzfristeg nach geplangt? 

Och dat froen mer no


Ass eng änlech Mesure mat Schnelltester virgesinn fir dass den Horesca Sekteur ënner Bedingungen nees deemnächst kann opmaachen? Wa jo, wéi vill Schnelltester sinn ugeduecht fir deem Sekteur ze hëllefen? Wann nee, firwat net? 

 

Déi Schnelltester déi Lëtzebuerg kaaft huet an déi am Moment um Marché sinn, mussen vun Santés Personal gemaach ginn. D'Leit kënnen se net un sech selwer maachen. Méi dozou fannt der bei enger anerer fro op fro.lu :

https://www.fro.lu/525/test-pcr-pour-le-grand-public

Wann den Staat esou Tester bis huet, kënnen dës an alle Beräicher vum Liewen benotzt ginn.

 

Wéi sënnvoll sinn déi Schnelltester am Sport wa se net verflichtend sinn a wann d’Sportler sech dono fräi vermësche kënnen an net an enger Bull bleiwen wéi bei vergläichbaren Tester am Profisport am Ausland? 

D'Schnelltester sollen mam néien Covid Gesetz den 21.02 verflichtend ginn, all d'Sportfederatiounen hunn awer haut schonn den Test fir hier Veräiner obligatoresch gemaach.


Op wéi eng wëssenschaftlech Erkenntnisser berout dës Teststrategie mat de Schnelltester fir Sportveräiner? 

D'ass een Pilot- (also Test-)Projet.


Gudde Mëtten,


Haut ass d'äntwert vum den Ministeren komm. 


https://piraten.lu/fro-lu-schnelltester-an-all-beraich-vum-sport/



Mat frëndleche Gréiss,

NÔwend,

Déi Äntwert ass jo nawell zimlech lamentabel ...

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Nach eemol Gudde Mëtten,

Är Fro ass gestallt an dir kënnt se ënnert, 

https://piraten.lu/fro-lu-schnelltester-an-all-beraich-vum-sport/

noliesen. Mir soen och Bescheed wann d'Äntwert do ass.

Falls mer Iech soss irgendwéi kënnen weiderhëllefen oder falls soss nach Froen sinn, zeck net Iech ze mellen.

Mat frëndleche Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.