FRO.LU is under Development
+3 votes
1.7k vues
Firwart gëtt et keen Internet Site wou d’Restaurant an Café enregistréiert sinn déi Covid-Check de manière générale oder à une date précise applizéieren. 

Sou ee Site wier utile fir dass d’Leit, déi a Sëcherheet wëllen eppes Iessen oder Drenken goen, sech vorab informéieren kennen an wat fir eng Etablissementer si kennen goen. 

Domat géif een evitéieren kennen dass een virum Restaurant oder Café steet fir dann feststellen ze mussen dass do leider kee Covid Check gëlt. 

Glaichzaiteg géif dat dann och den Impf-Skeptiker erlaben just an Etablissementer ze goen déi hiren Iwwerzeegungen entspriechen, an wou keen Covid Check gëllt. 

Déi Transparenz déi sou ee Site géif brengen géif souwuel den Impfbefürwortern an Impfskeptiker entgéint kommen, an géif den Horesca Etablissementer erlaben sech ze positionéieren an keng unzefridden Clienten am Agang ze hunn déi wéinst der enger oder der anerer Situatioun rebelléieren. 
Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 1.7k vues

4 commentaires

Gudde Mëtteg,

Dat kéint een villäicht an d'App vu CovidCheck intégréieren. À propos App CovidCheck do gëtt et nach ëmmer keng Méiglechkeet den Certificat an der App ze späicheren mä gouf awer versprach vum Här Ian Tewes vum Gesondheetsministère vir de 15. Juli.

Hei kënnt der dat noliesen.

https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/nei-funktioune-fir-d-covid-check-app

Mat beschte Gréiss
Gudde Mëtten,

Nom Vott vum neie CovidGesetz wäert d'Fräiwëllegkeet vum CovidCheck am Horeca Sekteur ewesch faalen. Deementsprechent gouf et haut d'Äntwert vum Minister déi genau dëst erëm gëtt, déi dir awer och nach eemol op eisem Site noliese kënnt.

Bescht Gréiss,
Gudde Mëtten, 

Wat d'Fro nom Späicheren vum Certificat ugeet ginn et do mëttlerweil ganz vill Méiglechkeeten fir dësen um Handy ze späicheren.

Zum Beispill iwwert d'MyGuichet App, oder och iwwert https://covid19passbook.netlify.app an d'Wallet, eng Säit déi zu Lëtzebuerg entwéckelt gouf.

Hei ginn et also schonn vill Alternativen

Mat frëndleche Gréiss,
Gudde Mëtteg,

Villmools Merci vir Är Äntwert.

Schéinen Dag.

Mat beschte Gréiss

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Gudde Moien,

Mir hunn är Fro un den Mëttelstandsminister gestallt an dir kënnt se hei noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-covidcheck-websait/

D'Äntwert ass wéi gewinnt a ronn engem Mount z'erwaarden.

Mat frëndleche Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.