FRO.LU is under Development
0 votes
960 vues
Duerch d’Covid Gesetz vum 16.12.2021 huet d’Regierung jo eng gesetzlech Basis fir Covid Impfungen an der Apdikt geschafen. Ee knappe Mount méi speit ass awer nach naischt neies zu deem Thema kommunizeiert ginn, dat obwuel de Ministère de la Santé soss allméiglech hochtrabend Communicationen iwwer Nichtigkeiten zum Thema Corona mëcht. 

Wou ass deen Dossier drun a weéini kann dann endlech an den Apdikten geimpft ginn? 

Den Haut Commissaire à la protection nationale huet jo net méi speit wéi den 10.1.2022 op RTL ugekennegt dat 40000 Dosisen Vaccin kuerzfristeg zousätzlech zur Verfügung géife stoen. 

An deem Kontext wier jo dann gutt wann déi kéinte sou schnell wéi méiglech un d’Fra/Mann bruecht kéinten ginn, an do kéinte jo d’Apdikten - dixit d’Mme Lenert - eng wichteg Rôle spillen als unterschwellegt Angebot fir Ondécidéierter.

Deemno wier jo gutt wann d’Öffentlechkeet zu deem Thema weider Informationen kéint kreien grad elo wou jo d’Durée fir ee Booster kennen ze kreien op 3 Meint erofgesat ginn ass…
Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 960 vues

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Gudde Mëtten,

Mir hunn är Fro un d'Ministesch weiderginn. Dir kënnt se hei noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-impfungen-an-apdikten/

Wéi ëmmer soen mir Bescheed wann d'Äntwert a ronn engem Mount do ass.

Mat frëndleche Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.