FRO.LU is under Development
+2 votes
885 vues

D’UN Vollversammlung huet e Mëttwoch 2.Mäerz eng Resolutioun gestëmmt mat däer den Ugrëffskrich vu Russland an der Ukraine verurteelt ginn ass.

141 Natiounen hu fir déi Resolutioun gestëmmt, 5 dogéint a 35 hu sech enthalen.

Bei deene 35 Natiounen déi sech enthalen hunn, si mat Senegal, Mali, Laos a Nicaragua 4 vun de 7 prioritäre Partnerlänner vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef dobäi. Ledeglech 2 vun de 7 prioritäre Partnerlänner, Cabo Verde a Niger, hu fir d’Resolutioun gestëmmt, woubäi Burkina Faso kee Stëmmrecht hat.


Aus dësem Ulass géing ech den zoustännege Minister fir Entwécklungshëllef gäere folgend Froen stellen:


1. Wéi steht/bewert d’Regierung zu deenen/déi Enthalungen?

2. Wëssen déi zoustänneg Ministeren d’Grënn fir déi Enthalungen? Wann net, sichen d‘Minister d’Gespréich mat der Regierung vun de Partnerlänner fir d’Ursaachen gewuer ze ginn firwat déi Länner d’Resolutioun net gestëmmt hunn?

3. Hunn déi Enthalungen en Afloss op déi weider Zesummenaarbecht an der Entwécklungshëllef mat deene Länner?


par dans Affaires étrangères et européennes | 885 vues

1 commentaire

Gudde Mëtten, 


Natierlech ass et bedauerlech, dass dës Staaten d'Resolutioun net matgedroen hunn. Mir Pirate stinn awer fir de Prinzip vun de freie Walen a wëllen d'UN Volleksversammlung par rapport zum Sécherheetsrot weider stäerken. All Land muss hei d'Recht hunn, fir komplett onofhängeg iwwert déi verschidde Punkten um Ordre du jour ofstëmmen ze kënnen. Och wann mir natierlech wëssen, dass vill Länner ebe leider net onofhängeg vu wirtschaftlechen Intresse kënnen ofstëmmen, wëll et hire Länner net esou gutt geet ewéi Lëtzebuerg, esou sollt dëst awer d'Zil sinn. 


Schlussendlech muss een och soen, dass dës Hëllefen, déi ënnert der Direktioun vum Kooperatiounsministère un d'civil Bevëlkerung ginn, näischt mam Vott vun hirer politescher Féierung ze dinn hunn an dës dofir och net gekierzt sollte ginn.


 Mir hoffen dir verstitt eis Erklärungen, mir bléiwen awer ëmmer accessibel wann weider Froe bléiwen.


Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.