FRO.LU is under Development
0 votes
1.2k vues

Le téléchargemUpload failed: [object Object]ent d'images est actuellement désactivée.

Gudde Mëtteg,

Am CHEM zu Nidderkuer gëtt ALL allgemeng Echographie mat engem  Siemens Acuson S2000 Ultraschall Gerät gemaach.

(https://www.ultrasoundsupply.com/products/ultrasound-machines/siemens-ultrasound/siemens-acuson-s2000/).

 

Wéi am Link ze gesinn ass dëst Gerät mëttlerweil scho 15 Joer um Maart.

 

Am selwechte Spidol bei engem Gastro-Entérologue (Dr Bamberg) steet nach eng méi al Maschinn, warscheinlech schonn iwwert 20 Joer al.

 

Kann d´Madamm Minister opzielen, jee no Spidol, wéi vill Ultraschallgeräter déi verschidde Servicer/Dokteren (allgemeng Echographien, Kardiologie, Urologie, Nephrologie  etc)  an deene 4 Spideeler hunn?

 

Kann d´Madamm Minister, jee no Spidol an no Service opzielen säit wéini genau dëss Geräter „en service“ sinn bzw. wéini se kaaft gi sinn?

 

Ass d´Madamm Minister net der Meenung dass d´Evolutioun vu medezineschen Ultraschall- Geräter säit 15 Joer e Quantesprong gemaach huet wat d´Opléisung an deementspriechend och d´Diagnostik vum kranke Patient ugeet?

 

Ass d´Madamm Minister net der Meenung dass ural Ultraschallgeräter missten zum Wuel vum Patient ersat ginn?

 

Ass d´Madamm Minister net der Meenung dass de Patient an de Spideeler misst vun vun deenen neisten a Ultraschallgeräter ënnersicht ginn, zemools sou e Gerät wäit ënnert dem Präis vun 15.000€ läit an sech an 1 Joer schonn rentabiliséiert?

 

 

Villmools Merci am Viraus.

 

MbG

Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 1.2k vues

3 commentaires

Le téléchargemUpload failed: [object Object]ent d'images est actuellement désactivée.


Leider kann ech keen Dokument uploaden wat beweist dass ural Ultraschall Geräter nach ëmmer am Asaatz sinn, gären schécken ech Iech dat op Nofro och per Email.

Gudde Mëtten,

Merci fir dës Fro. Et wier effektif gutt wann dir eis déi dokumenter kéinnt per Email zoukommen loossen. D'Email ass piraten@chd.lu.

Merci am Virraus fir dës zousäzlech Informatiounen.

MfG

Gudde Mëtten,



Haut koum eng ganz enttäuschend Äntwert vun der Ministesch:


"D’Bedreiwen vun Ultraschallgeräter bedéngt keng ministeriell Autorisatioun sou datt den Gesondheetsministère keng Donnéeën dozou huet wéivill Ultraschallgeräter d’Dokteren respektiv d’Servicer an den verschiddenen Spideeler hunn.

Ultraschall Geräter sollen am Prinzip ëmmer konform zu den Instruktiounen vum Konstrukteur bedriwwen ginn an am Kader vun der technologescher Evolutioun ersat ginn. 8 Joer sinn do eng Referenz."


Mir kënnen nëmmen bedaueren, dass d'Ministesch net wëll hei méi genau Zuelen gewuer ginn an Statistiken opstellen, mee mir kënnen hei och keen zwengen dës Donnéën z'erhiewen. Wéi esou oft lieft d'Regierung nom Prinzip "was ich nicht weiss macht dich nicht heiss".


Falls nach weider Froen sinn, sti mir natierlech zur Verfügung.

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Gudde Moien,

Mir hunn är Froen un d'Ministerin weidergeleet. Dir kënnt se hei noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-alter-vun-ultraschallgerater/

Falls soss nach Froen sinn, zéckt net eis ze froen.

Mat frëndleche Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.