FRO.LU is under Development
+1 vote
1.4k vues
Gudde Metteg

Ech hätt eng Fro, op déi ech schon jorelaang keng Äntwert kréien. Kanner matt Adhs faalen jo enner enfants besoins spécifiques. Daat heescht, do sin eng Reih Mesuren virgesin fir desen Kanner schoulesch ze hellefen. Z.B. kennen des Kanner méih Zait an der Prüfung kréien asw.

Ech krut erklärt dass des Mesuren do sin fir den Kanner hieren Nodeel, deen sie duerch den Adhs hun, auszeglaichen. Daat ass eng gutt Saach fir d‘Konzentrationsschwächt 

Waat awer gin et fir Mesuren fir de Kanner matt Schweierpunkt Hyperaktiviteit an Impulskontrollstéierung ze hellefen? Et ass jo gewosst, dass adhs Kanner vill méi Energie a Konzentratioun brauchen, fir ee ganzen Schouldaag roueg hannert sech ze brengen ouni negativ opzefaalen. Natiirlech ass Rouh an Disziplin wichteg an och des Kanner sollen bestroft gin, wann et néideg ass.

Meng Fro: ass iergendeppes viirgesin fir desen Kanner deen Noodeel auszeglaichen?

Misst do nit awer eng Oofstufung am Klassebuchaschreiwen oder Strofen vergin gemaach gin vis-à-vis vun „normalen“ Kanner?

Misst der Diagnose Adhs nit am gesamten Schoulalkdaag Rechnung gedro gin, an nit nemmen beim Leiren wéinst der Konzentratiounsschwächt?
Cloturée
par dans Éducation nationale, Enfance et Jeunesse
Cloturée par | 1.4k vues

1 commentaire

Gudde Mëtten,

haut ass d'Äntwert vum Minister Meisch komm. Dir kënnt se hei noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-hellefe-fir-kanner-mat-adhs/

Et sinn eng ganz Réi intressant Informatiounen dobäi och wann d'Fro no der Betrofung méi vage bléift.

Mir hoffen dës Äntwert hëlleft Iech trotzdem weider an stinn zur Verfügung sollte Nofroe sinn.

MfG

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Gudde Mëtten,


Mir hunn är Froen an enger QP agebaut an se un den Bildungsminister weidergeleet. Dir kënnt se hei noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-hellefe-fir-kanner-mat-adhs/


Wa soss nach Froe sinn, zeckt net Iech ze mellen.


MfG

par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.