FRO.LU is under Development
+3 votes
606 vues
Wiesou gin et an eisen Fleegeheemer nachemmer dei Qualiteitscritèren vun "warm,satt,sauber"? Et ass jo awer mettlerweil bewiesen, dass och den älere Mensch mei besoinen huet. Mais eis assurance dépendance ass dorop net richteg agestalt, et geet haaptsächlech em den autonomiegewenn duerch mobiliteit an sturzprophylaktesch geschafft. Ech zweiflen net dat all dei Prophylaxen mussen gemat gin mais den Mensch selwer ass nemmei am Mëttelpunkt leider. Ech perseinlech denken do ass vill Loft no uewen an der Fleeg an dei gett net genotzt. Den Mensch misst mei no sengen Wensch an Interesse behandelt gin am alter wei no wat en kann respektiv soll nach kennen. Sou fällt zum Beispill dei Studie vum Martine Hoffmann (Crisis heecht se)mer an. Des beweist jo och dass dei sozial Isolation am 4. Alter en greusst Thema ass an et den Leit net helleft einfach an enger Gemeinschaft ze sin mais se och do mussen gefuedert gin. Dest fuedert net nemmen wuelbefannen an partizpation mais och hier autonomie. Eppes wat hei an Lëtzebuerg ausgeloss gett leider, sou wier et wichteg dass den Ministere de la famille do mol mei och op dei Psychologesch aspekter ageet an fuedert! Et geet net duer ze soen maer hun Fleegeheimer dei nom Boehm fonktioneiren wann mer esoueen Konzept net offsecheren Boehm seet esou zum Beispill, 1 Fleeger op mengen ech 3 Adressaten. Dest ass nie den Fall an soueppes ass mat der Momentaner AssDep net meiglech fier en Patron.
par dans Famille, Intégration et la Grande Région | 606 vues

1 commentaire

Gudde Moien Romain,

Mir soen Merci fir dës Ureegungen zum Thema 3ten Alter an Assurance dépendance. Et sinn vill intressant Punkten dobäi. Wanns de wëlls kanns du ëmmer eng Email maachen op ahoi@piraten.lu mat dengen Iwwerleeungen fir Walthemen, fir Problemer, déi eng nächst Regierung soll ugoen. 

Mat frëndleche Gréiss,

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.