Moie,
Eise ëffentlechen Transport ass jo net onbedengt fir seng Pünktlechkeet bekannt. Bei der CFL falen vill Zich aus oder hu Verspéidung.
Aus den Statistiken vun der CFL kann ech leider net vill erausliesen a si wahrscheinlech e bësschen méi schéin gerechent. Awer dat géif ech gär emol selwer gesinn, dowéinst meng Fro:
-
Ass et méiglech datt d’CFL hier Daten vun den Zich (fir all Faart, Arrivée, Départ, pro Gare, pro Zuch) als oppen Datebank (z.B.: data.public.lu) zur Verfügung stellt a permanent aktualiséiert? Sou datt all Bierger déi Statistike selwer nokucke kann.
Vläicht ass et méiglech déi erhuewen Date fir den ganzen Réseau (TICE, RGTR, ...) zur Verfügung ze stellen.
mat beschte Gréiss