FRO.LU is under Development
+1 vote
1.1k vues
Am Schengeraum si systematësch Grenzkontrollen amfong ofgeschaf. Wann e Land se kuerzfristeg rem aféire wëll da sust mat enger Ausnahmebegrënnung an héchstens fir 6 Méint.

Op de Grenze fir iwwert d'Musel fillt ee séch awer mëttlerweil rem an d'90er Joren zréckversat.

Et vergeet keen Daag méi wu net op e puer däitsche Grenzen gréisser Grenzkontrolle sinn, wu deelweis all Auto mat gieler Plack erausgezu gëtt.

Ganz besonnësch betraff sinn di folgend Grenziwwergäng:

- Remich / Nennig

- Wormeldange / Wincheringen

- Wasserbillig / Wasserbilligerbrück

Hei ginn et mëttlerweil puermol d'Woch Kontrollen an dat säit ville Méint. Mee och op deene meeschten aanere Grenziwwergäng vu Schengen bis Veianen ginn et mëttlerweil vill mi oft Kontrolle wi soss.

Ass a Lëtzebuerg de Ministère oder d'Police doriwwer informéiert, ob dat iergendwann rem ophällt oder ob dat lo deen neien Normal- an Dauerzoustand gëtt?

---

An deem Kontext nach eng Fro zu engem Virfall zu Bollendorf-Pont virun 3 Joer:

https://www.wort.lu/de/politik/grenzschliessungen-situation-ist-unertraeglich-5eb0201eda2cc1784e35d081

https://www.wort.lu/de/lokales/experte-einsatz-der-deutschen-polizei-auf-grenzbruecke-war-rechtswidrig-5eb57be4da2cc1784e35d524

Hei huet deemols di däitsch Bundespolizei eis Grenz respektiv territorial Integritéit verletzt, an dono an enger Stellungnam dozou gelunn. Gouf et do vu lëtzebuergëscher offizieller Säit jeemols eng Reaktioun dorop oder Konsequenzen, oder akzeptéire mer esou Iwwerschreitungen einfach kommentarlos?

Wëssend, dass di däitsch Police séch och soss net un hir eege Regelen hält bzw. eng Hand net weess wat di aner mécht:

https://www.wort.lu/de/lokales/polizisten-aus-grenzregion-tanken-in-luxemburg-5eaaf61eda2cc1784e35ccad

an domat e potentiellt Risiko ass, wär et do net besser wa Lëtzebuerg e bessi mi genee hikuckt a séng eege Rechter och mol duerchsetzt?
Cloturée
par dans Affaires étrangères et européennes
Cloturée par | 1.1k vues

2 commentaires

Villmols merci scho mol fir Är Arbëcht.

Et ass schued, dass de Minister an der Äntwert op d'QP 2081 net mi konkret op de Virfall vu Bollendorf-Pont agaang ass.

Wann d'Grenzbrécken op der ganzer Längt e Condominium sinn, stellt sech allgemeng d'Fro, ab wéiengem Punkt ee vun engem Grenziwwertrëtt schwätze kann?

Ech hätt geduercht dass fir e Lëtzebuerger deen aus Richtung Lëtzebuerg kënnt d'Grenz réischt um däitschen Ufer ufänkt, a fir en Däitschen aus Richtung Däitschland réischt um lëtzebuergëschen Ufer, well bis dohin huet en den Territorium vu sengem eegene Land net verlooss. Et kéint een awer och argumentéiren dass well d'Brécken op der ganzer Längt zu béide Staaten gehéiren, een och "d'Erlabnis" vu béide Staate brauch fir se ze betrieden, an dass Däitschland dann och kann eng Bréck op der ganzer Längt späere wa se dat wëllen.

An dësem Fall huet awer de Foussgänger keng soueng Ofspäerung iwwerschratt, well di war réischt an der Mëtt vun der Bréck opgestallt. Dass d'Ofspäerung fir d'Autoen schon am Ufank stoung schéngt logësch, einfach fir dass keen Auto muss an der Halschent vun der Bréck rem d'Kéier maachen. Doraus kann een awer net automatësch schléissen dass et engem Foussgänger verbueden ass fir bis an d'Halschent vun der Bréck ze trëppelen an d'Musel ze kucken, wa soss näischt drop hiweist. Wat d'Saach nach mi komplizéiert mëcht: Ganz oft stinn op deene Brécken d'Grenzschëlder genee an der Mëtt.

Fir mech ass dofir d'Stellungnam vun der däitscher Bundespolizei net nozevollzéien.

Gudde Moien,

Mir krutten haut d'Äntwert déi confirméiert, dass Däitschland nach weider ugefrot huet, fir Kontrollen ze maachen.

Dir kënnt iech selwer d'Äntwert hei ukuken: https://piraten.lu/fro-lu-dauerhaft-grenzkontrollen/

Mir Piraten stinn zu oppene Grenzen am Schengeraum.


Mat frëndleche Gréiss

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Gudde Mëtten,


Mir hunn är Fro un de Minister Asselborn weidergeleet. Generell hu mir wärend dem Ufank vun der Pandemie vill Froen wéinst de Grenzkontrolle gestallt. Och d'Fro zum Video op der Bréck war deemols vun enger anerer Partei gestallt ginn.

Hei kënnt der all déi al Froen nokuken:

https://www.chd.lu/fr/question/18937

https://www.chd.lu/fr/question/19163

https://www.chd.lu/fr/question/19007

https://www.chd.lu/fr/question/19842

https://www.chd.lu/fr/question/19142


Mir hunn dann eng weider Fro un den Ausseminister gestallt, par rapport zum Anhale vum Schengen Accord déi dir hei kënnt noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-dauerhaft-grenzkontrollen/ 


Mir soen wéi gewinnt Bescheed wann bis eng Äntwert do ass.

Ee schéine Weekend gewënscht,


par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.