FRO.LU is under Development
+2 votes
2.6k vues

Géint d’Verbreedung vum Corona-Virus sinn eng ganz Reih vu Mesuren geholl a Recommandatiounen gemaach ginn.

Well d’Aarbechtsplaz eng vun de gréissten Infektionsquellen ass, ass och dementspriechend eng vun deenen Recommandatiounen dass esouwäit et méiglech ass op den Télétravail sollt zréckgegraff ginn, dëst am Privatsektor wéi och am Ëffentlechen Déngscht.

D’Regierung huet den 1.Juli 2020 décidéiert fir an der Fonction publique den Télétravail weiderhin bis zu 3 Deeg d’Woch ze erlaben an den 2.Juli ass eng Circulaire vum Minister fir den ëffentlechen Déngscht dozou un d’Verwaltungen geschéckt ginn.

Dozou erlabe mer eis folgend Froen ze stellen:

  • 1.      A wéienge Verwaltungen a Minstèren ass déi Circulaiure un all d’Agenten weidergeschéckt ginn?
  • 2.      A wéienge Verwaltungen a Ministèren ass déi Circulaire net un all d’Agenten weidergeschéckt ginn? Wéieng Ursaachen leien zu Gronn, dass déi Circulaire an deene Verwaltungen oder Ministèren net un d’Agenten weidergeschéckt gi sinn a ween huet déi jeweileg Décisioun fir se net weiderzeschécken geholl?
  • 3.       A wéiengen Verwaltungen a Ministèren gëtt den Télétravail weiderhinn ëmgesat? Wéivill Agenten hunn déi jeweileg Verwaltungen a Ministèren (Oplëschtung a Carrières z.B. Fonctionnaires oder Employés A1, A2, B1,…) a wéivill Agenten vun de jeweilegen Carrières sinn zu wéivill Stonnen pro Woch am Télétravail?
  • 4.       A wéienge Verwaltungen a Ministèren gëtt den Télétravail net méi ëmgesat an aus wéienge Grënn gëtt en an deene Verwaltungen a Ministèren net méi ëmgesat? Ween huet déi Décisioun geholl dass an deene Verwaltungen a Ministèren den Télétravail keng Optioun méi ass?
  • 5.       Firwat hëllt d’Regierung eng Décisioun fir den Télétravail bis zu 3 Deeg d’Woch ze erméiglechen wa se op der anerer Säit an den eenzelne Ressorts déi Dispositioun selwer awer net ëmsetze wëll?
  • 6.       Sinn déi jeweileg Ministeren an deenen hiere Ressorts den Télétravail net weidergefouert an erméiglecht gëtt, dann dementspriechend géint den Télétravail?


Cloturée
par dans Fonction publique
Cloturée par | 2.6k vues

3 commentaires

Gudde Mëtteg,

kinnt Dir mir wann ech gelifft präziséieren, ëm wéi eng Circulaire et sech heibäi handelt? Um Site vun der Fonction publique (an och op gouvernment.lu) fannen ech keng, déi den 2te Juli datéiert ass.

MbG
Gudde Mëtteg,

Ech hunn déi Circulaire leider net bei Hannd.

Et goung ëm den Déconfinement an der Fonction Publique.

D'CGFP huet och en Artikel op hierer Homepage dozou verfaasst

https://www.cgfp.lu/actualites/2020/news/2020/cgfp-fordert-krisenbedingte-anpassungen-bei-der-telearbeit

Falls déi Circulaire weder ëffentlech zougängeg ass, och net fir Députéierten, da wier dat jo eng méiglech zousätzlech Fro an der QP, nämlech gëtt et esoueng Circulaire a firwat ass déi weder um Site vun der FP nach op deem vum Gouvernement zougänglech? Oder ganz allgemeng ginn all Circulaires un d'Verwaltungen an Ministères verëffentlecht oder sie se op mannst fir Députéiert zougänglech?

MbG
Gudden Owend,

mir wäerten dës Circulaire nosichen a kommen op Är Froen zeréck soubal mir se hunn.

MbG

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Moien,


Är Fro ass agereescht, dir fannt se héi: https://www.piraten.lu/fro-lu-teletravail-an-der-fonction-publique/

par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.