Gudde Moien,
Fir d'éischt Merci fir är Fro.
Mir verstinn, dass et extrem frustréierend ka sinn, wann een seng Aarbecht wëll wiesselen, respektiv wëll mat schaffen ufänken an een dat da just net kann, well engem ee Pabeier vum Staat feelt. Well wéi der richteg sot, brauche mir ganz dréngend Leit am Santéssecteur. Vue dass d'Autorisation d'exercer awer méi kontrolléiert, wéi nëmmen den Diplom si mir Piraten der Meenung, dass un dëser Prozedur sollt festgehale ginn. D'Sproochekenntnisser an ee Casier deen net scho verschidde Verstéiss zum Gesetz festhält, si fir eis och wichteg Punkte fir eng Persoun déi am Santéssekteur schafft.
Wéi gesot, si mir awer mat Iech d'Accord wat Delaien ugeet fir esou eng Autorisatioun ze kréien. Dofir wäerte mir eng Fro un de Gesondheetsministère stellen, wéi een hei dës Delaie kéint kierzen.
Mat frëndleche Gréiss,